Dag 2

Sonn, Schnéi, Ski a Snowboard!

Sou wéi all Dag sinn d’Schüler mat voller Begeeschterung um 7h00 aus de Better geheit ginn.

Nom Kaffi sinn mir um 9h00 mam Bus op de Treffpunkt mat de Skimoniteuren gefuer an d’Gruppen goufen agedeelt.

Bei perfektem Wierder ass all Mensch op seng Käschten komm an et war ee riese Spaass fir grouss a kleng.

Gutt freckt sinn d’Schüler um 15h30 an de Bus gefall fir sech kuerz ze erhuelen, fir dann awer anschliessend direkt mam Zumba an mam Bowling virunzefueren.

Lo waarden mir op eist wuelverdingten Owesiessen an sinn gespaant op den Challenge-Cup haut den Owend.

 

Weider Posts an den nächsten Deeg...

Kommentare: 0 (Diskussion geschlossen)
    Es sind noch keine Einträge vorhanden.