Mir sinn zu Obertauern ukomm.
Mat enger klenger Verspéidung sinn mer um 3h40 an Richtung Obertauern gestart.
Puer Déviationen, Stauen an Accidenter ënnerwee, hunn dozou gefouert, datt mir réicht um 17hoo d’Felseralm gesinn hunn. Liicht erschöpft, hunn mer alles ausgepakt an sinn anschliessend op direktem Wee, bei de Peter an d’Skiworld (Skiverleih) gefuer.
Um 19h40 hat Jiddereen säi Material an dunn sinn mer op de Kascht op d’Fleseralm gefuer.
De Poulet an de Kaiserschmarn hunn jidderengem geschmaacht.
Géint 21h30 hunn mer eis an der Mehrzweckhalle getraff fir eis kennenzeléieren an d’Schüler hunn déi grouss Etapen vum Programme erklärt kritt.
Eng grouss Iwwerraschung war, datt all Schüler ee Wanterstage-T-Shirt kritt huet. D’Freed war grouss.
Um 23h00 sinn och dem leschten d’An zougefall.
Es sind noch keine Einträge vorhanden.