Gepudders an Getravels
Endlech de Moien sinn mir vun uewen erof mat doucem Schnéi verwinnt ginn.
Et war es zwar net vill, mee et ass duergaang fir d'Siichtverhältnisser ze verschlechteren.
Dëst huet eis awer net dovunner ofbruecht fir esou och an dësen Conditiounen eisen Spass am Schnéi ze hunn.
Visite Salzburg
Hei hu mir mat engem flotten Stadspill dem Mozart seng Stad kënnegeléiert an hunn vun eiser kuerzer Fräizäit profitéiert eist Täschegeld e bëssen un de Mann ze bréngen.
Schlussendlech huet et em 10.00 Auer Nuetsrou geheescht, fir e bëssen Energie ze tanken.
Julie S. (Mittwoch, 23 März 2016 01:18)
Ee schéine gudde Moien op Obertauern,
Äre Programm ass mega cool. Ech fréen mech schon wann ech och endlich an de Lycée kommen kann. :-)
Ech wönschen eech weider gaaaaanz vill Spaass.
Julie vun Husen
Gordon-Haag (Mittwoch, 23 März 2016 04:38)
Hoffentlech hun Kanner un 'Mozartkugeln geduecht :))