De Glanz vun Obertauern
Wéi all Moien si mir haut erëm vu motivéierte Proffen mat haarder Musek erwächt ginn. Nom Iessen hu mir eis prett gemaach fir op d'Pist. Haut hate mir net vill Chance mam Wieder; et huet de ganzen Zäit geschneit an d'Siicht war immens schlecht. Dat huet eis trotzdem net ofgeschreckt fir weider motivéiert op de Ski respektiv um Snowboard ze stoen. An der héchster Skigrupp hu mir duerch vill Übungen endlech geléiert wéi ee richteg Kuerzschweng mécht dank der Mme Reiles an dem Här Nilles. Si, d'Madame Reiles, hat och déi excellent Iddi e Formatiounsfueren am Ski ze maachen. Dëst si Kuerzschweng, déi vu ville Leit synchron gefuer ginn. Dat onbeschreiflecht schéint Resultat wäerd sech och nach op dësem Site weise loossen.
No eisem kalen Openthalt um Bierg goung et dunn weider an d'Schwämm "Therme Amade", wou mir zwou exceptionnel Stonne verbruecht hunn.
Mir haten mat dräi Rutschen, dorënner eng Triichterrutsch, eng adrenalinfräisetzend Fräifallloopingrutsch, enger rutscheger Kloterwand, engem risege Wirlpool an enger waarmer Bausseschwämm, extrem vill Freed a kee Moment vu Langweil.

Haut ass och endlech den Här Jachec, bekannt als de Master, eise verletztene Proff aus der Klinik erauskomm, dee mir häerzlech mat engem T-Shirt mat all den Nimm vun eisen léiwen Matschüler empfaangen hunn. Mir wënschen him domatter all eng ganz gutt Besserung.

Den Owend hu mir mat vill amusanten Aktivitéiten verbruecht. Dëse Blog ze schreiwen, hu mir mat vill Freed gemaach an de Ober-Glanz vun Obertauern hofft, datt en iech gefällt.

Ee Grupp vun eis huet sech esouguer extra ugestrengt (Bon, dat ware grad mir, déi dëse Blog vun haut zum Deel geschriwwen hun ;-) ) d'Zëmmer an en Topzoustand zréck ze setzen, well ... hmmm ... et war bal am Chaos ënnergaang an eng Kaz hätt hir Jonk mol net méi erëmfonnt. Mä mir hunn eis d'Kritik zu Häerz geholl an alles riicht gebéit.

E genialen Ausklang vum Dag war awer déi super Prestatioun vun eise Proffen bei hirer "Gute-Nacht-Geschicht", déi si eis mat vill Witz virgedroen hunn. Et war eng aner Versioun vum Aschenputtel bei där mir eis vu Laachen nëmmen esou gerullt hunn. Esou si mir mat engem breede Grinsen a Richtung Schlofkummer gaang.
Es sind noch keine Einträge vorhanden.