Ageschneit a beniwwelt

Wichteg Info fir de Retour op Lëtzebuerg op eiser Welcome-Säit.
Ei, wat war dat haut eng Freed nom musikalesche Wecker zur Fënster erauszekucken. Pudderschnéi a gogo.
Ier et lass gaang ass stoung Kettenopleeën um Programm an dat matten am Mäerz. Eng Fro huet sech du gestallt: Wéi sinn d'Pisten haut? Abee, se waren einfach nëmme genial, wieren do net déi Wolléke gewierscht. Vun 1800m un war et einfach nëmmen Navigation à vue, also fir eis Experten reservéiert.

Am Stress war haut eise Kameramann, de Paul Kohn. Hien huet den Dag haaptsächlech op de Knéien oder um Bauch verbruecht fir am Funpark verschidde Prestatiounen vun eise staarke Ski- a Snowaboardergruppen digital festzehalen. D'Wiederverhältnisser hunn him et net einfach gemaach, mä hien huet op Zänn gebass an immens Opnahme gemaach.
No deem Dag am Schnéistuerm huet d'Barbara eis owes neess richteg gutt kulinaresch verwinnt.

Mä d'Paus huet net laang gedauert, well kuerz no 7 Auer stoung Nuetskifueren um Programm. Eng flott Erfahrung mol eng Kéier ënner Scheinwerferliicht ze fueren. Leider huet awer eng Pann um Sesselift eis de Spaass verkierzt, mä verschiddener sinn awer dunn an de Genoss vun enger Remontée an engem Schnéiskooter komm; déi méi sportlech sinn de Bierg ze Fouss eropgaang.
Glécklech a midd war d'Nuetsrou haut keen Thema. Elo gëtt vum leschten Dag gedreemt.
Es sind noch keine Einträge vorhanden.