Schnéi, Sonn, Après-Ski, Wallis packen an Ofrocken
Nom Kaffi ass et op eng perfekt preparéiert Pist gaang wou déi läscht Offahrten mat voller Vitesse gefuer goufen.

Eis Spezialisten vum Ski hu gewisen, wat si ënnert der Leedung vun der Mme Reiles an dem Här Nilles, an Snowboarder bei der Mme Neven, dem Här Bram an dem Här Schmal geléiert hunn. Den Här Kohn huet sech op waghalseg Stunts ageloss fir dës Momenter anzefänken.
Am Nomëtten konnten all d’Schüler hire Frënn a Begleeder op der LCD Offahrt weisen, wat se geléiert hunn.

Duerno ass beim Après-Ski op der Lürzer-Alm laang a breet iwwert d’Woch diskutéiert ginn. De Ski-World huet säi Material zréck kritt.
Anschliessend hu mer op der Felseralm eis Vallissen gepaackt.

Nodeems d’Kummeren geraumt goufen huet eist DJ-Team der Alm richteg ageheizt. Jiddereen, deen nach Rest-Energie an de Been hat, huet dës op der Danzpiste verbrannt. Ennert der Leedung vun der Mme Theis hunn d’Zumba-Meedercher a Jongen dem Grupp gewisen wat een Heftschwong ass !
Den Türsteher huet déi lescht Discogänger um 00h30 aus der Hall geheit. Och hien selwer wollt an d’Bett, well den nächsten Moien de Wecker net méi fréi wéi 3h40 rabbelen sollt.
Es sind noch keine Einträge vorhanden.