Heemrees
Um 4h00 sinn d’Schüler waakreg gemaach ginn an mir hunn all eis Vallissen an de Bus gedroen. Dës Partie Tetris war net esou einfach vu datt et riicht eran geschneit huet. D’Keelt huet de Rescht gemaach.
No enger adequater Stärkung si mer um 6h30 ofgereest.
Fir vun der Felseralm erof ze kommen hunn d’Ketten op d’Pneuen geluecht missen ginn, sou dermoossen huet et geschneit.
Am Bus war et roueg bis quasi hanner München

Mir hunn bal alleguer geschlof. Et huet geheescht vill Schlof vun der Woch nozehuelen. Trotz Middegkeet huet d’Stëmmung net gelidden. Et gouf weider gelaacht an gegagst.
Um 18h15 Auer si mer zu Ettelbréck ukomm wou d’Eltere frou wären, hier Kanner nees an d’Ärm ze schléissen.
Domat wier eise Wanterstage 2016 fir de Moment emol oofgeschloss.
Et bleift nach just d’Freed op eng Lasagne den 27.04.2016 um 18.30 Auer, wou mer eis allegueren nach emol rëm gesinn, fir de Film an d’Fotoen ze kucken.
Es sind noch keine Einträge vorhanden.