Uff!!! Endlech ukomm!

1:00 Auer Samschdegmoien, den 1. Abrëll. All Mënsch ass pünktlech zu Ettelbréck, mä et geet mat engem klenge Retard lass.

Den éischte Bus vollbepak bis uewen hinner, d'Remorque ass um platzen, den zweeten Bus kënnt liicht ze spéit, ass duerfir manner belueden, mä egal: ET GEET LASS!

 

D'Stëmmung ass op Héichtouren...ausser bei deenen déi direkt an den Déifschlof falen.

Deen ee lauschtert Musék, deen anere potert mam Noper an de schlofresistente Schüler kämpft mat engem schwéiere Kapp.

 

Währenddeems ass schonns eng Equipe ënnerwee fir als éischt zu Obertauern unzekommen, d'Ziedelen mat den Nimm op d'Diren ze pechen asw.

 

Bref! Et rullt wéi geschmiert.

 

D'Sonn ass um Rendezvous an endlech géingt 13:30 Auer kommen déi zwee Busser zu Obertauern un. Elo heescht et vive d'Skistrëmp prett leeën an rof an d'Duerf fir d'Material ze léinen.

 

A Rekordzäit ass déi ganz Equipe voll ausgerüst.

 

D'Skier sinn elo schonns all an de Busser prëtt, d'Schong hänken (nach ouni Schweessgeroch) am Schongraum an am Restaurant richt et schonns gutt nom Kascht.

 

D'Erwaardunge si grouss, de Briefing wäert elo déi lescht Froe klären an da kléngt den Owend gemitterlech aus.

 

D'Better wäerten haut vill midd an awer voll motivéiert Sportler a Form bréngen fir muer op de Sonndeg e schéinen Dag ze genéissen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Bénédicte (Sonntag, 02 April 2017 00:21)

    Bon amusement à tous. Profitez!!!