A lass geet et!

Nach ass et ganz roueg op der Felseralm! D'Bettdecken maachen nach hir Aarbecht, mä elo ass et geschwënn riwwer mat der Rou. Da fëllen sech d'Gäng mat Liewen.

Dann heescht et Opstoen, Kaffi drénken a sech prett maachen.

Em 8:45 Auer geet et vun der Alm a Richtung Obertauern bei den Zehnerkar. Hei ass den Départ vun all eiser Ski- a Snowboardgruppen.

Haut erwaart eis e sonnegen Dag mat flotte Pisten. Mir freeën eis drop.

Den Owend wäerten och éischt Impressiounen op dëser Plaz hieren Optrëtt hunn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0