03. April 2017
Uups! De Schnéi ass mëll
Haut hate mir op de Piste kee Reen (war jo awer virausgesot). D'Sonn huet eis nees gutt ugelaacht an sou munch Gesiichter hun e flotten Teint kritt.
Mä och de Schnéi huet gelidden. D'Pisten waren zwar nach gutt mat Schnéi agedeckt, mä déi ganz sportlech Virbereedung huet sech bezuelt gemaach. No der Mëttesstonn ware vill Pisten opgeplout an et war schwéiert Schaffen ugesot.
All Schüler huet et "iwwerlieft" an direkt no eiser Arrivée op der Felseralm si mir mam Wantergegrills nees zu Kräfte komm.
A pünktlech em 17:00 Auer ass e gudde Schluet erofkomm.
Mä dat huet kee gestéiert. D'Bowlingspiste ass mol getest ginn a fir de Rescht stoung haut nach just relaxen an entspanen um Programm.
tagPlaceholderTags:
Kommentar schreiben