Eng naass Affaire

De Moie war de Schnéi richteg schwéier. D'Skier hu gepecht mä mir hunn eis daper geschloen.

D'Spaghetti op der Felseralm war mega an huet d'Strapaze vum Moie séier vergiesse gelooss.

 

Salzburg! Jop, wonnerschéi Stad... mä dee Reen. Awer op mannst wësse mir elo e bësse méi iwwert de Mozart a verschiddener hu massiv "Mozartkugeln" am Gepäck.

 

D'Spiesser an déi mega Gromperen um Menu hunn den Dag richteg ofgeronnt an de Rescht vum Owend  war einfach mol nëmme Fräizäit ugesot. Relax!!!

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Lexy Bauler (Mittwoch, 05 April 2017 02:36)

    ��dann hoffen ech dat och Mozartkugelen fir mech am Gepäck sen �