Décke Gas!!!

Wow! Et hat e bësse geschneit an der Nuecht. De Schnéi ass zwar duerfir net méi fest ginn, mä d'Piste waren awer ze fueren. All Grupp huet säi Pensum haut gutt ofgeschafft; och wann dee mëlle Schnéi liicht ustrengend ass.

 

Zu Altenmarkt an der Schwämm waren déi Strapaze séier vergiess. D'Kloterwand beim Basseng, déi super Rutschen, de Baussebasseng, d'Wellebad an an an hunn eis nees richteg a Form bruecht.

 

En anere Highlight vum Dag war awer och d'Hüttengaudi am Festsall. Hei war d'Show einfach nëmmen herrlech. Mir hu gesongen, heiansto och richteg a vun de Proffen hirer Prestatioun guer net ze schwätzen. Eng Kou ass gestrach ginn, et ass mat enger Drummsee geschafft ginn, 2 drechen Toasten hu missen a rekord Zäitgiess ginn. D'Stëmmung huet de Sall zum kache bruecht. An e bësse méi spéit wéi déi aner Deeg ass et dunn an d'Bett gaang.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0