Haut gëtt et fir verschiddener e bësse méi haart!

D'Opstoen wäert haut méi schwéier sinn; aneschters wéi d'Pisten, wann et hoffentlech an der Nuecht e bëssen dra gefruer huet. Hehe: Et huet an der Nuecht liicht geschneit! YEAH!!!

 

De ganzen Dag ass haut nëmme Ski um Programm...Nee! Haut kréie mir och nach d'Geleeënheet nom Skifueren zu Obertauern eis an e puer Geschäfter eppes ze kafen.

 

Duerno nom Nuechtiessen gëtt sech awer nees an Tenue geschmass fir d'Nachtskifueren ze genéissen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Laurie, Félix, Claudine a Pascal (Donnerstag, 06 April 2017 12:10)

    Schéine gudden Owend,
    mir lîesen all Dag mat Begeeschterung Ären flotten Blog a gin ganz jalous iwwer déi vill flott Andréck vun Obertauern well mir gin all Dag ganz brav an d'Schoul an op d'Schaff. Dofir wëllen mir mol dem mega engagéierten "A-Team" aus dem LCD en décke MERCI soën, dass sie eis esou e bëssen um Wanterstage deelhuelen loossen :-) Mir wënschen Iech nach weiderhin vill Spaass, schéint Wieder a vill flott Momenter op de Pisten.
    En décke Kuss schéckt d'Laurie dem Julien!
    Léif Gréiss aus dem Ländchen op d'Felseralm schécken d'Laurie, de Félix, d'Claudine an de Pascal