Sou haart war et awer net.

Schnéi, Schnéi a Schnéi! Ah jo! Do war nach esou eng wäiss Saach, den Niwwel.

De ganzen Dag hate mir net déi beschte Witterungsbedingungen, mä mir hunn eis gutt derduerch geschloen.

Top war nom Skifueren, de Kuerztripp an d'Duerf fir de Shopping. De SPAR kann elo nees d'Rayonë nei opfëllen, well deen ausgereibert ginn ass.

 

Haut war dann och endlech de Wiener Schnitzel um Menu. Dat war esou richteg lecker. Mä fir déi meescht war awer net laang Zäit fir ze verdauen, well em 19:30 Auer ass et fir déi déi wollten a Richtung Edelweiss-Bunn gaang, fir am Scheinwerferliicht d'Piste nach eng Kéier ze genéissen.

Déi méi midd ënnert eis hunn sech e gemitterleche Spillowend gemaach ... ausser e puer Dammen, déi net derlaanscht komm sinn sech am Televisiounszëmmer GNTM unzedoen.

 

Em 22:00 Auer sinn d'Nuetseilen vun der Piste erëmkomm.

 

PS: Et ass ëmmer nees e Genoss dee Gallem ze genéissen, wann d'Skischongzëmmer mat de Skischong a Boots gefëllt gëtt. E belsche Limburger géing rout gi vun Näid.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0