D'Weckerequipe huet de leschte Skidag agelaut. Ups! Ass et schonns souwäit? Déi Woch ass leider nees ze séier op en Enn komm.
Trotzdem gëtt sech op den Dag vun haut gefreet. Fir dësen Dag ass et och nach eemol eng frësch Couche Schnéi ginn.
De Moie geet et nach an den eenzelne Gruppen eng leschte Kéier op d'Tauernrunde fir dann alleguerten zesummen em 12:00 Auer op der Lürzeralm den Ofschloss anzelauden.
Elo dierf jiddereen fräi no Loscht a Laun vun 2 Piste profitéieren oder zesummen mat all deenen aneren ënnert dem "Schirm" e Patt ze huelen.
Em 16:00 Auer maache mir eis dann op d'Felseralm an da geet et un d'Valisse paken. Wie fënnt dann elo säi Gezei erëm?
Em 20:00 Auer geet dann d'Ofschlossdisco un an et gëtt eng leschte Kéier gefeiert.
Voilà! Aus organisatoreschen an zäitleche Grënn ass dëst méi wahrscheinlech dee leschte Blog.
Merci fir d'Liesen
Max Stoffel
Kommentar schreiben
elisabeth a Paul (Freitag, 07 April 2017 00:26)
Merci fir den opschlossräiche Blog. Mir waren all Dag dobäi.
Merci och fir de pädagogischen Asaz ouni dien esou e Wanterstage nit méiglech wier.
Nach e flotten Aufschloss an eng glécklech Heemrees.
silke (Freitag, 07 April 2017 04:21)
Merci für den kurzen, knackigen und lustigen Blog, den ich immer mit Spannung und einem Schmunzeln im Gesicht verfolgt habe!
MERCI auch für die Super-Betreuung unserer Kinder, bei der ich von Anfang an ein gutes Gefühl hatte. Es ist doch eine immense Verantwortung und verlangt viel persönliche Motivation und Einsatz. Ich bin ganz sicher: das stage bleibt eine unvergessliche Erfahrung für alle! Dann geniesst noch zusammen den letzten Tag auf der Piste, den `Zappel`-Disco-Abend und kommt gut nach Hause.
Isabelle M (Freitag, 07 April 2017 05:22)
Merci fir Aert Engagement an Motivatioun ��
Ass net selbstverständlech !!!
Villl Spaasss nach !
Safe Trip back home