Den Dag vun haut huet sech nach eng Kéier vun der schéinster Säit gewisen...
op mannst bis 12:00 Auer. Duerno ass de Schnéi nees komm, mä dat huet eis net gestéiert. Jiddereen huet sech mol nach gutt gestäerkt an dunn déi lescht Ronnen iwwert d'Edelweiss an de Plattenkar gedréit.
Op der Lürzer Alm huet den Après-Ski gutt geschmaacht an et ass nach gutt gelaacht a gepotert ginn.
Zréck op der Felseralm sinn déi éischt "Retour"-Zeechen agelaut ginn. D'Locatiounssaachen hu missen verstaut ginn.
Zréck um Zëmmer heescht et apaken an sech natierlech erausfiitzen fir d'Disco, well dës Woch brauch jo och e flotten Ofschloss. Géingt Mëtternuecht geet et dann mat schwéierem Häerzen an d'Bett.
Kommentar schreiben