Haut de Moien um 7h00 ass et lass gaangen.
Mir kruten e gutt Frühstück an duerno hu mir eis fäerdeg gemaach fir op Pist. Nodeems jiddereen säin Material hat si mer mat de Moniteuren an de Schneie gaangen, an dat ganz bei herrlechem Wieder.
Um 16h00 beim Retour hu mer mat der Mme Bentz Sumba gedanzt.
Owes wär dann endlech de groussaartegen Hüttengaudi mam Här Nilles. All Schüler wären am Asaz, sief et bei Spiller oder beim Gesang.
An du si mer um 22h45 an Bett gefall.
Mir sinn all gespaant, wéi et muer weider geet.
Kommentar schreiben
Laurie a Claudine Kries (Dienstag, 27 März 2018 06:25)
Schéine gudde Mëtteg op Obertauern :-)
merci fir déi schéin Fotoën an Neiegkeeten! Mir kucken all Dag gespant wat et Neies gët. Gëschter kruten mir vun engem Insider gesot, dass et mega cool beim Snowboardfueren war ... Merci all dene Leit déi dat méiglech machen :-))
Eist Laurie freet ob hat schon kéint eng Platz beim Wanterstage reservéiren fir wann hat grouss as ... dat wier dann fir an 5 Joër ....
Fir haut wënschen mir iech vill Spaass zu Salzbuerg bei engem gudden Haferl oder beim Hamburger am groussen M a weiderhin gutt Pisten, schéi Wieder a vill Spaass :-))
mat léiwe Gréiss aus dem vereentene Ländchen