Sou, endlech ass et esouwäit. Nodeems et zu Ettelbréck lassgaangen ass, do wou déi vill Hänn ons gehollef hunn de Bus ze fëllen, hu mir ons op de Wee gemaach. Iwwer 785km an zwee komfortable Bussen hu mir hannert ons bruecht.
E puer vun onse Begleeder hunn sech schonns e Freideg de Mëtteg op de Wee gemaach fir déi lescht Detailer zu Obertauern ze klären. Esou sinn d'Zëmmeren am Virfeld nach eng Kéier gecheckt ginn, d'Zëmmerverdeelung an d'Pläng sinn iwwerall am Jugendhotel opgehaange ginn, d'Skipäss sinn organiséiert ginn, asw.
Punkt 12.00 Auer si mir ukomm. Mir konnten direkt ons Saachen op d'Zëmmer bréngen. Em 13.30 Auer konnt et dunn och schonns laasgoen fir erof vun der Felseralm op Obertauern ze fueren fir onst Material sichen ze goen. Hei hunn all Schüler eng immens Disziplin gewisen an déi 150 Schüler a Betreier haten all ganz séier hiert Ski resp. Snowboardgeschier.
Em 18.30 ass dunn endlech lass gaang mat deem berüchtege gudde Kascht vum Barbara a Christian hirer Equipe.
Nom Iessen ass et nach op e Briefing gaangen, wou nach eng Kéier all d'Detailer fir den éischte Sportsdag erkläert gi sinn.
Duerno hu mir deen éischten Owend gemitterlech ausklenge gelooss an deen een an deen aneren huet schonns vun den éischten Descenten op de Piste gedreemt.
Kommentar schreiben
Zwölferkogel (Sonntag, 31 März 2019 14:20)
Iech all eng super Woch zu Obertauern! Passt gudd op iech op an genéisst dat schéint Wierder!! (Haalt äer Aan op, vun en Densden bis Donnechten ass Maria Hoefl Riesch am Skigebiet)
#skiheil #zickezacke #heuheuheu