Direkt mol eng gutt Nouvelle: Haut huet keen sech wéi gedon. Den 1. Skidag war bei sonnegem Wieder einfach nëmmen e Genoss. Flott war och, datt d'Skilehrer e grousse Luef fir d'Disziplin vum Grupp ausgeschwat hunn. Fir d'Ufänger ënnert ons war et e spannende Moment, deen sech awer gelount huet.
Natierlech huet dat eent oder anert Material missen ausgetosch ginn. Och sinn nach verschidde Changementer an de Skigruppe gemaach ginn. Bei herrlech bloem Himmel, Sonn pur an herrlech preparéierte Pisten ass deen een an deen aneren och richteg an d'Schweesse komm. Em dräi Auer ass et dunn nees erop op d'Felseralm gaang. An hei war bei engem ganzen Deel vun ons nach keng Middegkeet ze spieren. Vu véier bis fënnef Auer war de Festsall gutt gefëllt fir nach zesummen mat der Mme Bentz Zumba ze maachen.
En, zwee, dräi... herrlech Schnitzelen hunn de leschten Honger am Owend nach gestëllt. Energie ass awer nach gebraucht ginn fir em aacht Auer um Challenge Cup de Proffen eng batter Néierlag mat op de Wee ze ginn. Dësen Owend, ënnert der Leedung vum Här Stoffel ass geduecht fir datt mir ons alleguerten nach besser kenneléieren an zesumme Spaass hunn.
Duerno ass et dunn op d'Zëmmer gaangen. Nuetsrou? Wat ass dat? D'Proffen hunn haut den Owend e bësse méi dacks en Tour iwwert d'Dortoire misse maachen. Iergendwéi hat dat Wuert "Nuetsrou" haut säi Wee an den Dictionnaire net fonnt ;-) . Em 11 Auer huet awer dunn d'Middegkeet lues a lues seng Wierkung gewisen.
Kommentar schreiben