· 

Dag 3

1. Abrëll: Mir hunn ons verschlof!!! Et ass véirelopaacht... maacht virun... de Bus fiert geschwënn... blablabla. Mir vum LCD loossen ons net esou schnell uschmieren.

De Kaffi war nees genial de Moien. Voll gestärkt ass et lass op d'Pist gaang. An direkt um Ufank hat ons Permance-Equipe vun de Proffen schonns en Asaz. Eng Chute, visite beim Dr Aufmesser... UFF! Just eng kleng Zerrung. Mä de System klappt; nach mat engem gudde Schocki verwinnt ass ons verletzten Schülerin op d'Felseralm bruecht ginn.

De Rescht vum Dag op der Piste huet richteg gutt geklappt: De Schnéi...super; d'Mëttegiessen...gutt; d'Stëmmung...genial.

Mat onser klenger ageplangtener Verspéidung ass dunn de ganze Grupp neess op der Felseralm ukomm. Hei hunn d'Proffen ons mat hire Grillkënschte verwinnt. Si hu wierklech un alles geduecht: normal Wurscht, Gefligelwurscht, vegetaresch... an, an an.

Duerno war du Fräizäit ugesot. De Zumba Cours war nees méi wéi iwwerbesat an hannert der Felseralm hunn e puer vun de Proffen sech mat enger Sprungschanz ameséiert esou, datt  vun den Zëmmeren aus genuch lëschteg Szenen ze gesi waren.

D'Owendiessen, Poulet mat Räis, war och richteg gutt. Duerno hu mir ons mat Gesellschaftspiller ameséiert.

Den Héischpunkt vum Owend war eng genial "Gutt Nuecht-Geschicht", eng modern Adaptatioun vum Aschenputtel, déi d'Proffen ons virgeféiert hunn. Et war einfach nëmmen herrlech. An esou si mir dunn all a gudder Laun a Richtung Schlofzëmmer gaang.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0