· 

Dag 4

Den éischte Gips ass de Moien ugeluecht ginn! An dat ass mol net dem Schnéi seng Schold. ... Wann een owes beim Bowling vergësst de Fanger aus der Klatz ze huelen, da kann dat mol schief goen. Onse Patient ass awer gudder Déng a monter.

 

De moien hate mir nëmmen e verkiertzene Programm op de Pisten. Mat Begeeschterung awer och mat e bësse Middegekeet bei vereenzelte vun ons ass bis 12.00 Auer gefuer ginn. Dunn ass et zréck op d'Felseralm gaang, wou mir eng gutt Spaghetti kruten. Et ass e bësse gehetzt ginn, well mir nees em halwer zwou am Bus hu misse sëtzen. Organisatiounstalent an den Zëmmeren war also ugesot. Déi eng hu giess an déi aner hunn sech geduscht.

 

No e bësse méi wéi enger Stonn si mir dunn zu Salzburg ukomm. Dee ganzen Trapp huet sech zesummen bis bei den Doum beweegt, wou nach e puer Erklärungen fir den Oflaf erzielt gi sinn. Du war Fräizäit ugesot. Dat eent an dat anert Geschäft ass vun elauter Lëtzebuerger besicht ginn. Den amerikanesche Fast Food an den iwwerdeierten Kaffisverkeefer aus dem selwechte Land hunn och hiren Ëmsaz an d'Luucht konnte setzen. Traditiounsgemäss ass och d'Konditorei "Fürst" besicht ginn. Vill vun ons hunn do eng gutt Partie original Mozartkugele kaf.

 

D'Nuechtiessen war haut wéinst onsem Kuerztrip e bësse méi spéit, awer och nees ganz gutt. Trotzdem hunn sech bei engem grappvoll Schüler d'Ustrengung an d'Middegkeet bemierkbar gemaach; esou ware mir haut och mat e puer Moverstëmmunge gehäit e Problem, deen sech awer am spéiden Owend lues a lues geléist huet.

Den Owend ass dunn gemitterlech mat Gesellschaftsspiller, Bowling asw ausklenge gelooss ginn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0