Dag 5

 

 Den éischten Dag wou d'Sonn net esou um Rendez-vous war. Eng ganz Partie Wolléken sinn awer net duer gaang fir ons dovunner ofzehalen ons all nees gutt op de Pisten ze defouléieren, All? Nee, net grad all, well e puer vun ons sinn haut op der Alm bliwwen fir sech ze schounen. De Mo war nach net esou richteg an der Rei. Trotzdem ass dësen Deel vun onser Grupp awer och gutt versuergt ginn a Mëttes huet den Honger och nees säin Optrëtt gehat.

 

Ons Snowboarder hu vill geschafft a gutt Fortschrëtter gemaach an d'Skifuerer hunn hinnen dat nogemaach. Et sinn nach e puer Chuten zustane komm an de Gips Nummer 2 hu mir och elo ënnert ons. En Handgelenk war e bëssen strapazéiert ginn.

 

Em 15.00 Auer war dunn nees Schluss fir haut a mir sinn an d'Duerf gefuer fir e bësse Shopping ze maachen. De SPAR hat de gréisste Succès. ;-)

Duerno si mir nees op d'Felseralm gefuer a konnten nach e bësse Fräizäit genéissen ier d'Nuechtiessen de Mo nees gutt gefëllt huet.

 

Als Owesaktivitéit stoung nees déi traditionnel Hüttengaudi vum Här Nilles um  Programm. De Festsall huet vibréiert an et ass een sech bei der Stëmmung esou richteg wéi um Après-Ski op der Piste virkomm. Béierkrou-Stemmen, Holz seeën, eng Kou sträichen, Karaokee, asw... et war vun allem derbäi. Richteg flott! Duerno ass dat an d'Bett goen schwéier gefall, mä d'Energie fir déi zwee lescht Deeg muss awer och opgetankt ginn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0