· 

Dag 6

Hackerstiwwel, wat dat de moie geblosen huet! Staarke Wand war ugesot. Trotzdem ass de Programm normal ugelaf. Déi Schüler, déi vum Dr. hu misse gekuckt ginn, sinn an d'Kontroll gefouert ginn an d'Bussen hunn ons schnéisüchteg Band  erofgefouert.

 

Mä, wat war do lass um P2 (Parking Nr2). Keen Auto, kee Bus um Parking, just d'Skilehrer, déi op ons gewaart hunn. D'Kabinnebunn... zou, d'Sesselbunn... zou.

D'Loft hat ons e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Am ganze Skigebitt waren dee Moment just 9 Lifter op. ... Also net faul, Skier op de Bockel an ze Fouss bis bei den éischte Schlepplift, duerno trëppelen, bis bei deen nächste Lift. Oh! Dat war net grad esou flott. Trotzdeem waren nach e puer Lifter op an et konnten e puer Descente gefuer ginn. Et ass awer dunn decidéiert ginn de Programm komplett op d'Kopp ze werfen. Mat deene Konditiounen hat kee Spaass. Wat maachen?

Séier huet et du geheescht kontrolléieren op net och schonns mëttes Plaz an der Schwämm zu Altenmarkt wier. Top, dat hat geklappt an ëm 15.00 Auer si mir an der Schwämm an d'Vestiaire gestiermt. Et war wierklech net ze vill versprach ginn, 1 Rutschbahn, 1 fräie Fall Rutschbahn, 1 Rutschbahn mat Triichter, 1 Kloterwand iwwert dem Waasser, 1 Bausse-Becken mat 34° Grad, 1 Wellebad, an, an, an... Et war einfach genial.

 

Owes nom herrlechen Owesiessen war dunn e Spillowend ugesot. Déi eng hunn dat genoss, anerer hunn sech léiwer op dem Zëmmer d'Zäit verdriwwen anerer hun d'Bowlingbunn gemooss an eng etlech hu vun der Geleeënheet profitéiert fir am Teleszemmer esou eng komesch Modellshow ze kucken. ;-)

 

No 22.00 Auer ass et dunn nees Richtung Bett gaang, well de leschten Dag op der Piste soll jo a Form bewältegt ginn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0