· 

Dag 7

Währenddeems mir op de Piste waren, huet den Här Weiler all d'Paperassen am Duerf erleedegt: Skischoul bezuelen, Materialverleih regelen a beim Dokter d'Rechnungen ofhuelen. E puer Krankentransporter hunn och net dierfe feelen. Haut war nach e klenge Rass an enger Schank derbäi komm.

 

Mëttes hu mir eng leschte Kéier an den Hütte giess an vun 14.00 Auer bis 16.00 Auer war fräit Fueren an Après-Ski ugesot. Hei huet ee vun de Skilehrer, de Gottfried, an enger klenger Ried ons nach eng Kéier Merci fir déi gutt Mataarbecht a besonnesch fir déi immens Disziplin an de Gruppen Merci gesot.

 

Dunn ass déi Lescht kuerz Descente bei d'Busse gefuer ginn. Op der Felseralm hu mir déi obligat Gruppefoto gemaach an dunn all dat geléintend Material sortéiert a propper geraumt.

 

Duerno ass dee manner agreablen Deel ugaang, well et huet geheescht Zëmmere raumen. D'Iessen huet ons eng kuerz Paus do derbäi verschaf an dunn ass et weidergaang. A well d'Disco um Programm stoung ass sech nach extra flott gemaach ginn.

 

Kuerz no 20.30 Auer ass et lass gaang. De Festsall huet vibréiert, ënnert den rhythmeschen Beats, mä et sinn awer och méi lues Stécker gelaf ;-).  D'Proffen hunn och alles ginn a verschiddener waren no deem ville Gedanz och schonns nees prett fir an d'Dusch. Mä och déi schéinste Saach muss mol op en Enn kommen an esou huet et dunn kuerz viru Mëtternuecht geheescht an d'Bett.

 

 

Sou, dat war de leschte Blog fir dësen Wanterstage. Elo gëtt eng Vitesse méi séier geschlof, well em 4.15 Auer heescht et schonns eraus aus de Fiederen, d'Kummer definitif eidel maachen, d'Better ofzéien, d'Bagagen erof droen an duerno Kaffi drénken.

Dann ginn nach d'Busser gelueden an em 6.00 Auer probéiere mir dann hei fortzekommen.

 

Merci, fir d'Liesen vun all dëse klengen Texter a Merci fir déi verschidde Kommentaren am Guestbook.

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0