Aschreiwung JUST fir 6e Klassen

 

Vun Mettwochs, den 30. November ab 15:00 Auer

bis Samsdes, den 24. Dezember um 23:59 Auer

De Link fir d'Aschreiwung ass nitt méi op!

 

Bass du op 6e oder 5e an wëlls du dech awer nach nodréiglech aschreiwen, da mell dech bei engem vun den Responsabelen, an engem vun den Sekretariater vum LCD oder schreiw eis eng Mail mat dengem Numm, Klass an denger Telefonsnummer. Dann kënns du op Waardelëscht.

 

Am Moment hunn mir 9 Schüler*innen op der Waardelëscht.

Mir mellen eis da bei dir.


Informatioun a Konditiounen

D'Aschreiwung bedeit net automatesch dass du um Wantersport deelhëls. 

 

All Aschreiwungen ginn gläichwäerteg behandelt.

Sollten ze vill Schüler/innen ageschriwwe sinn, gëtt een eischten Choix anhand vun folgenden Kontiounen geholl: 

  • Uerdentlecht Behuelen
  • Matschaffen an de Schoulstonnen 
  • Akzeptabel Zensur
  • Aktiv an engagéiert am Schoulsport
  • Top physesch Konditioun.

 

Wann deng sportlech Konditioun noléisst oder net eise Wantersportkritären entsprécht, kann's de zu all Moment virum Départ ausgeschloss ginn.

Dës Weidere behale mer eis d'Recht fir, dech zu Obertauern aus dem Ski- oder Snowboardkurs eraus ze huelen, wann's du "absolut Talentfräi" bass fir de Wantersport a just nach e ganze Grupp op häls am Fortschrëtt. 

De Choix "Snowboard" bedeit och net onbedéngt, dass du um Snowboard-Cours deelhuele kanns. Dëst ass ofhängeg vun der Unzuel vun den Aschreiwungen. Am Fall wou dëst sollt antreffen, wäerte mir mat dir Récksprooch huelen an dech informéieren. 

Bei Ufänger gëtt sportlech Konditioun mat berécksiichtegt.    


Fir all weider Froen an Informatiounen kënnt der eis gären per Email kontaktéieren:  wanterstag@lcd.lu