Eise Blog iwwert de Wanterstage. 

Also heiansdo eraluussen.

 

Neiegkeeten, Aktivitéiten, Erliefnisser asw. iwwert a rondrëm de Wanterstage ginn hei verëffentlecht.

 

Är Commentaire sinn erwënscht.

Merci am Viraus.

 

=============================================================

2ten Dag

Haut de Moien um 7h00 ass et lass gaangen. 

Mir kruten e gutt Frühstück an duerno hu mir eis fäerdeg gemaach fir op Pist. Nodeems jiddereen säin Material hat si mer mat de Moniteuren an de Schneie gaangen, an dat ganz bei herrlechem Wieder.

Um 16h00 beim Retour hu mer mat der Mme Bentz Sumba gedanzt. 

Owes wär dann endlech de groussaartegen Hüttengaudi mam Här Nilles. All Schüler wären am Asaz, sief et bei Spiller oder beim Gesang. 

An du si mer um 22h45 an Bett gefall. 

Mir sinn all gespaant, wéi et muer weider geet. 

1 Kommentare

1ten Dag

Wat hate mir all eng flott Rees. Am Busgolf gouf vill gelaacht, gesong, geschloof an och emol Blödsinn gemaach.

Ouni vill Stau si mer weider komm an no 11 Stonne hate mer et gepackt, wir do net de Bierg op Felseralm gewiecht. Den Doppeldecker huet et nit gepackt ouni Schneiketten, an d'Schüler aus dem Bus sinn dann zu Fluss erop gaang  

Dëst huet eis Stëmmung nit gebrach. 

Nom Check-in si meran den Intersport gefuer fir alles auszeléinen

um 18h00 goufe mer gutt vun der Kiche verwinnt.

$Zesumme soutze mer duerno an der Mehrzweckhalle a Kurten all Neider Informationen fir quer op Ist.

No engem ustrengenden Dag si mer all um 22h00 an Bett gefall 

0 Kommentare

OBERTAUERN 2018, let's start

Obertauern, mir kommen

 

Déi Éischt sinn de Mëtteg um 12h20 fort gefuer fir alles ze preparéieren.

An den Owend um 1h00 se mir all ënnerwee a freeën eis op eng flott Rees mat vill Spaass a gudder Laun. 

1 Kommentare

Programm fir muer:

Em 4.40 Auer heescht et opstoen an d'Kummere raumen. Erréischt wann alles tip top propper ass, gëtt d'Zëmmer fräi ginn an et kann un de Moiesdësch goen.

Direkt nom Kaffi em 6.00 Auer ginn dann d'Busser gepak an dat geet et Richtung Lëtzebuerg.

 

 

Äddi Obertauern

Äddi Felseralm

 

Vive d'Ouschtervakanz

 

 

PS D'Ukommen zu Ettelbréck ass fir plusminus 18:00 Auer virgesinn

Et ass (bal) gepackt.

Den Dag vun haut huet sech nach eng Kéier vun der schéinster Säit gewisen...

op mannst bis 12:00 Auer. Duerno ass de Schnéi nees komm, mä dat huet eis net gestéiert. Jiddereen huet sech mol nach gutt gestäerkt an dunn déi lescht Ronnen iwwert d'Edelweiss an de Plattenkar gedréit.

 

Op der Lürzer Alm huet den Après-Ski gutt geschmaacht an et ass nach gutt gelaacht a gepotert ginn.

 

Zréck op der Felseralm sinn déi éischt "Retour"-Zeechen agelaut ginn. D'Locatiounssaachen hu missen verstaut ginn.

 

Zréck um Zëmmer heescht et apaken an sech natierlech erausfiitzen fir d'Disco, well dës Woch brauch jo och e flotten Ofschloss. Géingt Mëtternuecht geet et dann mat schwéierem Häerzen an d'Bett.

0 Kommentare

Den Ofschloss

D'Weckerequipe huet de leschte Skidag agelaut. Ups! Ass et schonns souwäit? Déi Woch ass leider nees ze séier op en Enn komm.

Trotzdem gëtt sech op den Dag vun haut gefreet. Fir dësen Dag ass et och nach  eemol eng frësch Couche Schnéi ginn.

De Moie geet et nach an den eenzelne Gruppen eng leschte Kéier op d'Tauernrunde fir dann alleguerten zesummen em 12:00 Auer op der Lürzeralm den Ofschloss anzelauden.

 

Elo dierf jiddereen fräi no Loscht a Laun vun 2 Piste profitéieren oder zesummen mat all deenen aneren ënnert dem "Schirm" e Patt ze huelen.

 

Em 16:00 Auer maache mir eis dann op d'Felseralm an da geet et un d'Valisse paken. Wie fënnt dann elo säi Gezei erëm?

 

Em 20:00 Auer geet dann d'Ofschlossdisco un an et gëtt eng leschte Kéier gefeiert.

 

Voilà! Aus organisatoreschen an zäitleche Grënn ass dëst méi wahrscheinlech dee leschte Blog.

 

Merci fir d'Liesen

 

Max Stoffel

3 Kommentare

Sou haart war et awer net.

Schnéi, Schnéi a Schnéi! Ah jo! Do war nach esou eng wäiss Saach, den Niwwel.

De ganzen Dag hate mir net déi beschte Witterungsbedingungen, mä mir hunn eis gutt derduerch geschloen.

Top war nom Skifueren, de Kuerztripp an d'Duerf fir de Shopping. De SPAR kann elo nees d'Rayonë nei opfëllen, well deen ausgereibert ginn ass.

 

Haut war dann och endlech de Wiener Schnitzel um Menu. Dat war esou richteg lecker. Mä fir déi meescht war awer net laang Zäit fir ze verdauen, well em 19:30 Auer ass et fir déi déi wollten a Richtung Edelweiss-Bunn gaang, fir am Scheinwerferliicht d'Piste nach eng Kéier ze genéissen.

Déi méi midd ënnert eis hunn sech e gemitterleche Spillowend gemaach ... ausser e puer Dammen, déi net derlaanscht komm sinn sech am Televisiounszëmmer GNTM unzedoen.

 

Em 22:00 Auer sinn d'Nuetseilen vun der Piste erëmkomm.

 

PS: Et ass ëmmer nees e Genoss dee Gallem ze genéissen, wann d'Skischongzëmmer mat de Skischong a Boots gefëllt gëtt. E belsche Limburger géing rout gi vun Näid.

0 Kommentare

Haut gëtt et fir verschiddener e bësse méi haart!

D'Opstoen wäert haut méi schwéier sinn; aneschters wéi d'Pisten, wann et hoffentlech an der Nuecht e bëssen dra gefruer huet. Hehe: Et huet an der Nuecht liicht geschneit! YEAH!!!

 

De ganzen Dag ass haut nëmme Ski um Programm...Nee! Haut kréie mir och nach d'Geleeënheet nom Skifueren zu Obertauern eis an e puer Geschäfter eppes ze kafen.

 

Duerno nom Nuechtiessen gëtt sech awer nees an Tenue geschmass fir d'Nachtskifueren ze genéissen.

1 Kommentare

Décke Gas!!!

Wow! Et hat e bësse geschneit an der Nuecht. De Schnéi ass zwar duerfir net méi fest ginn, mä d'Piste waren awer ze fueren. All Grupp huet säi Pensum haut gutt ofgeschafft; och wann dee mëlle Schnéi liicht ustrengend ass.

 

Zu Altenmarkt an der Schwämm waren déi Strapaze séier vergiess. D'Kloterwand beim Basseng, déi super Rutschen, de Baussebasseng, d'Wellebad an an an hunn eis nees richteg a Form bruecht.

 

En anere Highlight vum Dag war awer och d'Hüttengaudi am Festsall. Hei war d'Show einfach nëmmen herrlech. Mir hu gesongen, heiansto och richteg a vun de Proffen hirer Prestatioun guer net ze schwätzen. Eng Kou ass gestrach ginn, et ass mat enger Drummsee geschafft ginn, 2 drechen Toasten hu missen a rekord Zäitgiess ginn. D'Stëmmung huet de Sall zum kache bruecht. An e bësse méi spéit wéi déi aner Deeg ass et dunn an d'Bett gaang.

0 Kommentare

Waasser ass Tromp

Haut ass Wäschdag!!! De Mëtteg gi mir op Altenmarkt an d'Schwämm.

 

Fir d'éischt heescht et awer mol nees d'Pisten onsécher maachen. Mol kucken  wéi de Schnéi ass. Duerno geet et direkt vun der Piste an d'Schwämm.

 

Fir den Owend freeë mir eis dann op den Hüttengaudi mat senge lëschtege Spiller.

0 Kommentare

Eng naass Affaire

De Moie war de Schnéi richteg schwéier. D'Skier hu gepecht mä mir hunn eis daper geschloen.

D'Spaghetti op der Felseralm war mega an huet d'Strapaze vum Moie séier vergiesse gelooss.

 

Salzburg! Jop, wonnerschéi Stad... mä dee Reen. Awer op mannst wësse mir elo e bësse méi iwwert de Mozart a verschiddener hu massiv "Mozartkugeln" am Gepäck.

 

D'Spiesser an déi mega Gromperen um Menu hunn den Dag richteg ofgeronnt an de Rescht vum Owend  war einfach mol nëmme Fräizäit ugesot. Relax!!!

1 Kommentare

Da si mir mol gespaant

Den Himmel ass bedeckt. Gëtt et Reen, gëtt et keen oder kréie mir Schnéi. Do musse mir mol nach owaarden. Mä egal, de Programm gesäit nees gutt aus.

De Moien geet et elo op d'Piste bis d'Mëttesstonn; duerno gi mir op der Felseralm ganz séier kulinaresch gestäerkt an da maache mir eis op de Wee fir d'Visite vu Salzburg.

De Mozart waart schonns op eis.

1 Kommentare

Uups! De Schnéi ass mëll

Haut hate mir op de Piste kee Reen (war jo awer virausgesot). D'Sonn huet eis nees gutt ugelaacht an sou munch Gesiichter hun e flotten Teint kritt.

Mä och de Schnéi huet gelidden. D'Pisten waren zwar nach gutt mat Schnéi agedeckt, mä déi ganz sportlech Virbereedung huet sech bezuelt gemaach. No der Mëttesstonn ware vill Pisten opgeplout an et war schwéiert Schaffen ugesot.

 

All Schüler huet et "iwwerlieft" an direkt no eiser Arrivée op der Felseralm si mir mam Wantergegrills nees zu Kräfte komm.

 

A pünktlech em 17:00 Auer ass e gudde Schluet erofkomm.

Mä dat huet kee gestéiert. D'Bowlingspiste ass mol getest ginn a fir de Rescht stoung haut nach just relaxen an entspanen um Programm.

0 Kommentare

To ski or not to ski

D'Météo huet fir haut Reen ugekënnegt, mä e Bléck duerch d'Fënster seet de Contraire. E puer Wolléken stéieren an der Landschaft, mä dat wäert ons net drun hënneren d'Pisten nees onsécher ze maachen.

 

Elo gëtt sech mol mat engem gudde Bréidchen oder Müsli gestäerkt.

3 Kommentare

Dat war richteg gutt!

Bei waarmen Temperaturen Ski fueren, do kënnt ee mol an d'Schweessen. Deen Dag war trotzdem genial. Nëmme bloen Himmel, Sonn puer. Wat wëll ee méi?

 

Keen huet sech wéi gedoen, just eng Bindung huet de Geescht opginn.

 

De Goulasch um Owesmenu huet eis nees nei Kraaft ginn fir beim Challenge Cup alles ze ginn. Challenge Cup? Haten d'Proffen do net gesot, si wieren déi Bescht? Abee, wéi d'lescht Joer hunn d'Schüler nees gewisen, wien esou geckeg Spiller am beschte beherrscht. An esou hu bei 8 Equipen, d'Proffen et mol net op de Podium gepackt an hunn sech mat der 4. Plaz missen zefridde ginn.

1 Kommentare

A lass geet et!

Nach ass et ganz roueg op der Felseralm! D'Bettdecken maachen nach hir Aarbecht, mä elo ass et geschwënn riwwer mat der Rou. Da fëllen sech d'Gäng mat Liewen.

Dann heescht et Opstoen, Kaffi drénken a sech prett maachen.

Em 8:45 Auer geet et vun der Alm a Richtung Obertauern bei den Zehnerkar. Hei ass den Départ vun all eiser Ski- a Snowboardgruppen.

Haut erwaart eis e sonnegen Dag mat flotte Pisten. Mir freeën eis drop.

Den Owend wäerten och éischt Impressiounen op dëser Plaz hieren Optrëtt hunn.

Uff!!! Endlech ukomm!

1:00 Auer Samschdegmoien, den 1. Abrëll. All Mënsch ass pünktlech zu Ettelbréck, mä et geet mat engem klenge Retard lass.

Den éischte Bus vollbepak bis uewen hinner, d'Remorque ass um platzen, den zweeten Bus kënnt liicht ze spéit, ass duerfir manner belueden, mä egal: ET GEET LASS!

 

D'Stëmmung ass op Héichtouren...ausser bei deenen déi direkt an den Déifschlof falen.

Deen ee lauschtert Musék, deen anere potert mam Noper an de schlofresistente Schüler kämpft mat engem schwéiere Kapp.

 

Währenddeems ass schonns eng Equipe ënnerwee fir als éischt zu Obertauern unzekommen, d'Ziedelen mat den Nimm op d'Diren ze pechen asw.

 

Bref! Et rullt wéi geschmiert.

 

D'Sonn ass um Rendezvous an endlech géingt 13:30 Auer kommen déi zwee Busser zu Obertauern un. Elo heescht et vive d'Skistrëmp prett leeën an rof an d'Duerf fir d'Material ze léinen.

 

A Rekordzäit ass déi ganz Equipe voll ausgerüst.

 

D'Skier sinn elo schonns all an de Busser prëtt, d'Schong hänken (nach ouni Schweessgeroch) am Schongraum an am Restaurant richt et schonns gutt nom Kascht.

 

D'Erwaardunge si grouss, de Briefing wäert elo déi lescht Froe klären an da kléngt den Owend gemitterlech aus.

 

D'Better wäerten haut vill midd an awer voll motivéiert Sportler a Form bréngen fir muer op de Sonndeg e schéinen Dag ze genéissen.

1 Kommentare

Obertauern, mir kommen!

Um 1.00 Auer geet et lass!

Denk un all deng Saachen, a virun allem gutt Laun am Bus ;-)

 

Vergiess virun allem net deng: 

"Carte d'identité an Carte de sécurité sociale"

0 Kommentare

Dag 8

Heemrees

Um 4h00 sinn d’Schüler waakreg gemaach ginn an mir hunn all eis Vallissen an de Bus gedroen. Dës Partie Tetris war net esou einfach vu datt et riicht eran geschneit huet. D’Keelt huet de Rescht gemaach.

No enger adequater Stärkung si mer um 6h30 ofgereest.

Fir vun der Felseralm erof ze kommen hunn d’Ketten op d’Pneuen geluecht missen ginn, sou dermoossen huet et geschneit.

Am Bus war et roueg bis quasi hanner München     

 

Mir hunn bal alleguer geschlof. Et huet geheescht vill Schlof vun der Woch nozehuelen. Trotz Middegkeet huet d’Stëmmung net gelidden. Et gouf weider gelaacht an gegagst.    

Um 18h15 Auer si mer zu Ettelbréck ukomm wou d’Eltere frou wären, hier Kanner nees an d’Ärm ze schléissen.

Domat wier eise Wanterstage 2016 fir de Moment emol oofgeschloss.

Et bleift nach just d’Freed op eng Lasagne den 27.04.2016 um 18.30 Auer, wou mer eis allegueren nach emol rëm gesinn, fir de Film an d’Fotoen ze kucken.

0 Kommentare

Dag 7

Schnéi, Sonn, Après-Ski, Wallis packen an Ofrocken

Nom Kaffi ass et op eng perfekt preparéiert Pist gaang wou déi läscht Offahrten mat voller Vitesse gefuer goufen.

Eis Spezialisten vum Ski hu gewisen, wat si ënnert der Leedung vun der Mme Reiles an dem Här Nilles, an Snowboarder bei der Mme Neven, dem Här Bram an dem Här Schmal geléiert hunn. Den Här Kohn huet sech op waghalseg Stunts ageloss fir dës Momenter anzefänken.

Am Nomëtten konnten all d’Schüler hire Frënn a Begleeder op der LCD Offahrt weisen, wat se geléiert hunn.

Duerno ass beim Après-Ski op der Lürzer-Alm laang a breet iwwert d’Woch diskutéiert ginn. De Ski-World huet säi Material zréck kritt.

 

Anschliessend hu mer op der Felseralm eis Vallissen gepaackt.

Nodeems d’Kummeren geraumt goufen huet eist DJ-Team der Alm richteg ageheizt. Jiddereen, deen nach Rest-Energie an de Been hat, huet dës op der Danzpiste verbrannt. Ennert der Leedung vun der Mme Theis hunn d’Zumba-Meedercher a Jongen dem Grupp gewisen wat een Heftschwong ass !

Den Türsteher huet déi lescht Discogänger um 00h30 aus der Hall geheit. Och hien selwer wollt an d’Bett, well den nächsten Moien de Wecker net méi fréi wéi 3h40 rabbelen sollt.

0 Kommentare

Dag 6

Ageschneit a beniwwelt

   

 

Wichteg Info fir de Retour op Lëtzebuerg op eiser Welcome-Säit.

  

Ei, wat war dat haut eng Freed nom musikalesche Wecker zur Fënster erauszekucken. Pudderschnéi a gogo.

Ier et lass gaang ass stoung Kettenopleeën um Programm an dat matten am Mäerz. Eng Fro huet sech du gestallt: Wéi sinn d'Pisten haut? Abee, se waren einfach nëmme genial, wieren do net déi Wolléke gewierscht. Vun 1800m un war et einfach nëmmen Navigation à vue, also fir eis Experten reservéiert.

Am Stress war haut eise Kameramann, de Paul Kohn. Hien huet den Dag haaptsächlech op de Knéien oder um Bauch verbruecht fir am Funpark verschidde Prestatiounen vun eise staarke Ski- a Snowaboardergruppen digital festzehalen. D'Wiederverhältnisser hunn him et net einfach gemaach, mä hien huet op Zänn gebass an immens Opnahme gemaach.

No deem Dag am Schnéistuerm huet d'Barbara eis owes neess richteg gutt kulinaresch verwinnt.    

Mä d'Paus huet net laang gedauert, well kuerz no 7 Auer stoung Nuetskifueren um Programm. Eng flott Erfahrung mol eng Kéier ënner Scheinwerferliicht ze fueren. Leider huet awer eng Pann um Sesselift eis de Spaass verkierzt, mä verschiddener sinn awer dunn an de Genoss vun enger Remontée an engem Schnéiskooter komm; déi méi sportlech sinn de Bierg ze Fouss eropgaang.

Glécklech a midd war d'Nuetsrou haut keen Thema. Elo gëtt vum leschten Dag gedreemt.

0 Kommentare

Dag 5

De Glanz vun Obertauern

Wéi all Moien si mir haut erëm vu motivéierte Proffen mat haarder Musek erwächt ginn. Nom Iessen hu mir eis prett gemaach fir op d'Pist. Haut hate mir net vill Chance mam Wieder; et huet de ganzen Zäit geschneit an d'Siicht war immens schlecht. Dat huet eis trotzdem net ofgeschreckt fir weider motivéiert op de Ski respektiv um Snowboard ze stoen. An der héchster Skigrupp hu mir duerch vill Übungen endlech geléiert wéi ee richteg Kuerzschweng mécht dank der Mme Reiles an dem Här Nilles. Si, d'Madame Reiles, hat och déi excellent Iddi e Formatiounsfueren am Ski ze maachen. Dëst si Kuerzschweng, déi vu ville Leit synchron gefuer ginn. Dat onbeschreiflecht schéint Resultat wäerd sech och nach op dësem Site weise loossen.

No eisem kalen Openthalt um Bierg goung et dunn weider an d'Schwämm "Therme Amade", wou mir zwou exceptionnel Stonne verbruecht hunn.

Mir haten mat dräi Rutschen, dorënner eng Triichterrutsch, eng adrenalinfräisetzend Fräifallloopingrutsch, enger rutscheger Kloterwand, engem risege Wirlpool an enger waarmer Bausseschwämm, extrem vill Freed a kee Moment vu Langweil.